top of page

Iwwert Eis

Den 07. November 2022 hunn eng Partie engagéiert Bierger aus dem Kanton Réimech eng Kooperativ ënnert dem Numm „Energiekooperativ Kanton Remich“ gegrënnt.

 

Dës Kooperativ, dat sinn 8 Vertrieder aus de Gemengen Bous, Stadbriedemes, Réimech, Munneref, Duelem, Waldbriedemes, Lenneng a Schengen. De Kanton Réimech huet insgesamt eng Fläch vun 127,87 km2 a zielt ronn 23700 Awunner (Stand 01/2022).
 

F2B5C33F-6A22-47AA-9BFE-CB419CE69DF2_1_105_c.jpeg

 

De Verwaltungsrot vun der Energiekooperativ Kanton Réimech


Vu lénks no riets:

 

Daniel Schmit fir d’Gemeng Bous (Secretariat)
Sven Flammang fir d’Gemeng Munneref (Site Internet)
Bruno Renders fir d’Gemeng Lenneng (Vice-Präsident)
Mike Molling fir d’Gemeng Waldbriedemes (Präsident)
Mayke Lentz fir d’Gemeng Stadtbriedemes (Newsletters)
Luc Mangen fir d’Gemeng Duelem
(Berechnungen)
Gérard Willems fir d’Gemeng Schengen (Tresorier)
Jempy Schengen fir d’Gemeng Réimech (
Chantier iwwerwaachen)

 

Solarstroum um eegenen Hausdaach produzéiere war bis elo ee Privileeg fir d’Besëtzer vun engem Haus. Eng Tatsaach, déi sech duerch déi neigegrënnten Energiekooperativ am Kanton Réimech ännere kann.

Elo kënnen all Awunner vum Kanton Réimech mat enger Bedeelegung un enger gemeinsamer Photovoltaikanlag hire Bäitrag zum Gelénge vun der Energietransitioun leeschten.

D‘Sonn liwwert onendlech vill Energie déi eis dobäi och nach gratis, onbegrenzt an ëmweltfrëndlech zur Verfügung steet. Duerch d‘Photovoltaik gëtt se a propperen elektreschen «grénge Stroum» ëmgewandelt.


D‘Ziler vun der Kooperativ sinn:

​

  • D‘Ëmsetzen an d‘Entwéckele vu Projeten am Zesummenhang mat der Produktioun vun erneierbarer Energie mat der Bedeelegung vun de Bierger;

  • D‘Produktioun, den Akaf a Verkaf vun erneierbarer Energie;

  • D’Fërdere vun engem rationalen a verantwortlechen Ëmgang mat der Energie bei hire Memberen a bei alle Bierger;

  • D‘Berodung vun de Membere bei hirer Energie-Wiel, verbonne mat der Ëmsetzung vun individuelle Léisunge vu Produktioun a Verbrauch vun erneierbarer Energie;

  • D’Ënnerstëtze bei der Gestioun vum Verbrauch, der Reduzéierung vun den Energiekäschten an der Verbesserung vum ekologesche Foussofdrock;

  • D’Ureege vun der Diskussioun iwwer d’Energie, wouduerch eng nohalteg Energiepolitik entstoe kann, wat dann och zu méi engem méi kollektive Sozialliewe féiert.


D‘Projete gi prioritär um Gebitt vum Kanton Réimech realiséiert.  


«D'Energiekooperativ Kanton Réimech» hëlleft mat sengen Aktivitéiten och national Ziler a punkto Energie- a Klimapolitik ze erreechen. Lëtzebuerg verfollegt d‘Zil, den Undeel un erneierbarer Energie vun 11% am Joer 2020 op 25% bis zum Joer 2030 unzehiewen. 2014 louch den Undeel grad emol bei 4,5%.


Investéiert gi soll an d’Produktioun vun erneierbaren Energië wéi Sonn, Wand- an/oder Waasserkraaft a Biomass, awer och am Beräich vun der Energieeffizienz.


Iwwer eng Bestandsopnam vun de kommunalen Daachfläche bei deenen eenzele Gemengen si schonn eng ganz Rei Diech vu kommunale Gebaier fonnt ginn, wou eng Photovoltaikanlag installéiert ka ginn.


D’Finanzéierung vun deenen Anlagen soll prioritär duerch d’Bierger aus dem Kanton Réimech erfollegen an deem si Undeeler zu jee 100€ kafen. Doduerch ginn si dann och Member vun der Kooperativ, kënne mat diskutéieren an decidéieren, a leeschten esou hire perséinleche Bäitrag zum Klimaschutz.


Dëst ass eng Initiativ, déi vum LEADER Miselerland am Kader vu sengem Projet «Erneuerbare Energien im Miselerland» ugestouss gouf.  Finanziell Ënnerstëtzung koum vu de 14 LEADER-Gemengen am Miselerland, vum Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau & ländlech Entwécklung a vun der Europäescher Unioun.

Hei kënnt Dir eis Statuten eroflueden. (op Franséisch)

​

bottom of page