top of page
In the Classroom_edited.jpg

Froen - Änferten

Gëtt d'Kooperativ besteiert ?

D'Kooperativ selwer gëtt besteiert um Gewënn den se mécht.

Wat geschitt mam Gewënn ?

D'Kooperateuren leeën op der Assemblée Générale zesummen fest wat mam Gewënn geschitt.

Et muss awer eng Reserve légale ugeluecht ginn

(+- 10% )

Kafen ech Parten fir Modulle ?

Nee, an enger Kooperativ ass een un all Projet gläichermoossen bedeelegt.

Wien ass eligibel fir Member ze ginn ?

Laut Statutten: prioritär Bierger aus dem Kanton Réimech.

Diecher gi jo vun de Gemengen aus eisem Kanton zur Verfügung gestallt.

Kaf vun den Parten – wéi kann een Parten nokafen?

Parten kënnen spéiderhin iwwert den Site vun der Kooperativ ugefrot ginn. Den CA traitéiert d'Demande an gëtt dann säin Accord oder och net, falls aktuell keng Investissementer geplangt sinn.

Steierlechen Virdeeler?

All Member vun der Kooperativ huet eng Steier Bonifikatioun vun bis zu 1.500€ op den ausbezuelten Dividenden ze gutt (net um Investment).

Däerfen an der Natur Fotovoltaikpanneauen opgeriicht ginn ?

Jo – mee et brauch een eng Geneemegung

( z.B: Agri-PV )

Packt d’Stroumleitung d'Leeschtung vun der Anlag ?

D'Creos gëtt den Accord op dat geet oder net

Projeten fir Wandkraaft ?

Aktuell net, ass awer an der Zukunft net ausgeschloss.

Regional Installateuren ?

Gett probéiert. Allerdéngs ginn et net esouvill Installateuren am Land an et muss een deen huelen deen Kapazitéiten huet an präislech interessant ass.

Projeten fir Waasserkraaft ?

Aktuell net, ass awer an der Zukunft net ausgeschloss.

bottom of page